Dem Joe Muñoz seng Männercher ginn a ville Schoulen hei zu Lëtzebuerg gemoolt a vill Enseignantë behandele seng Konscht am Cours.

Op de Soziale Reseauen huet hie se viru puer Joer gepost an dorausser ass e richtegen Hype ginn.

Zanter 10 Joer moolt hien elo seng ganz eege Männercher an déi heesche "Munien". Dës Kreature si ganz spontan entstanen, säi Meedchen huet Faarf iwwert dem Joe Munoz säin abstrakt Bild geschott a relativ séier huet de Papp erkannt, datt um Bild iergendee Männchen ze gesinn ass. De Joe Muñoz ass awer och Schoulmeeschter zu Tandel a mécht mat sengem 6. Schouljoer aktuell e Muni-Projet, dofir ginn an der Education artistique wärend zwee Trimestere sämtlech Technike vum Kënschtler behandelt.

A ville Schoulen am ganze Land, besonnesch och a Spillschoulen, gëtt dem Muñoz seng Konscht behandelt a seng Wierker ginn nogemoolt. Mëttlerweil ginn et schonn 3 Bicher ronderëm d'Munien, doranner gi ganz ënnerschiddlech Geschichte fir Kanner erzielt. Fir 2024 plangt de Kënschtler dann elo och eng weider Ausstellung iwwert d'Munien. Dës Kéier huet hien op Skateboarde gemoolt.

De Joe Muñoz ass immens houfreg op de ville Feedback, iwwer 15 Ufroen de Mount géing hie kréien, fir an aner Schoule bis laanscht ze goen. Dat wier awer schwéier ze maachen, wann ee selwer vollzäit Enseignant ass.