Am Delia Owens sengem Buch geet et ëm eng Geriichtsaffär, ëm Eegestännegkeet an d'Iwwerliewen dobaussen an der Natur.

D'Geschicht ass an zwou Zäitspane geschriwwen a fänkt am Joer 1952 mat deem jonke Kya un. Engem Meedchen, dat vu senger Famill verlooss gouf, a léiere muss, sech selwer iwwer Waasser ze halen. Parallel ënnersicht d'Police de Fall vum Chase Andrews, deem seng Läich 1969 fonnt ginn ass.

D'Kya war nach e klengt Meedchen, wéi seng Mamm hatt verlooss huet. Geschwë sinn och seng Geschwëster fortgaangen an hunn d'Kya mat sengem Papp eleng gelooss, deen net nëmmen ze vill drénkt, ma och emol handgräiflech gëtt, bis och hien enges Dags net méi heem kënnt.

Hatt léiert, wéi ee kacht, wéi een d'Wäsch mécht, a këmmert sech ëm säin Doheem: Eng Hütt ouni Stroum, ouni fléissend Waasser an ouni Noperen. Mat de Muschelen, déi hatt sammelt, verdéngt hatt sech e puer Suen. Hëllef kritt et vun enger schwaarzer Koppel, déi am Nopeschduerf e klenge Buttek mat Liewensmëttel huet.

Hallefhäerzeg Versich vun enger Assistante sociale, fir d'Kya an d'Schoul ze schécken, hu keen Erfolleg. D'Bewunner vu Barkley Cove wëllen dat klengt Meedchen net akzeptéieren an nennen hatt nëmmen nach "das Marschmädchen". Den Tate Walker, en attraktive, jonke Mann ass deen eenzegen, deen d'Kya reegelméisseg besiche geet an hatt liese léiert.

Am Laf vun der Geschicht gëtt d'Kya erwuessen, verléift sech, gëtt verlooss a geréit duerno un de falsche Mann: An dat ass grad och nach den Chase Andrews, dee Jore méi spéit dout am Marschland fonnt gëtt… D'Bewunner vun der Küstestad si sech eens: D'Marschmeedchen ass schëlleg.

Nodeems "Der Gesang der Flusskrebse" dat zweetmeescht verkaafte Buch 2020 an Däitschland war a sech 91 Woche laang an der Lëscht vun de SPIEGEL-Bestseller gehalen huet, gouf d'Geschicht 2022 verfilmt.

Perséinlech hunn ech et e bësse schwiereg fonnt, an d'Geschicht eran ze fannen, ma duerno huet et mech absolut gepaakt. D'Buch ass net einfach ze kategoriséieren. Et ass eng Geschicht, déi dobaussen an der Natur spillt, mat tragesche Schicksalsschléi, enger beréierender Libesgeschicht an e bësse Krimi-Spannung.

Der Gesang der Flusskrebse
464 Säiten
11,99 €
ISBN 978-3-453-42401-2
Originaltitel: Where the Crawdads Sing