Fir säin 80. Gebuertsdag gouf de Bestseller-Auteur op Lëtzebuerg agelueden.

Mat "Der Vorleser" ass den däitsche Bernard Schlink bekannt ginn. E Freideg de 15. Mäerz um 19 Auer ass hien am Kulturzentrum neimënster a liest aus sengem aktuelle Buch "Das späte Leben" vir. Dat deelt den Institut Pierre Werner mat, deen hien dofir agelueden huet.

An "Das späte Leben" denkt de Bernard Schlink iwwert den Doud an d'Äddi-soen no. D'Moderatioun vum Owend iwwerhëlt den Andreas Platthaus vun der FAZ.