Leipziger Buchmesse 2024 vum 21. bis de 24. Mäerz
© Jérôme Jaminet
"Who's Still Reading?", dës Fro ass de Motto vun der Leipziger Buchmesse 2024.
D'Äntwert ass einfach: d'lescht Joer waren et eng 274.000 Visiteuren, déi sech an der ostdäitscher Stad iwwer d'Neiheeten an der Buchbranche informéiert hunn. An och dëst Joer gouf et fir d'Ouverture en Donneschdeg e groussen Undrang.
"Die Leipziger Buchmesse mit Leipzig liest" sou den offiziellen Titel vum Evenement, deen nach bis e Sonndeg Lieser aus aller Häre Länner begréisse wäert. "Leipzig liest" ass allerdéngs e Liesfest, dat wäit iwwer d'Foireshalen erausgeet, mat gutt 2.500 Evenementer op 300 Plazen uechter d'Stad. Op der Buchmesse selwer sinn 2.085 Aussteller aus 40 Länner present, dorënner och dëst Joer nees e Lëtzebuerger Stand, dat elo scho fir d'zweete Kéier. E Stand dee bei de Visiteuren schon op vill Interessi gestouss ass, wéi d'Valérie Quilez, déi als Directrice Internationale bei Kultur lx fir d'Lëtzebuerger Präsenz zu Leipzig responsabel ass, verréit. Um Samschdeg ass och eng Liesung mat 3 Lëtzebuerger Auteur(innen), moderéiert vun der däitscher Journalistin a Literaturkritikerin Katrin Hillgruber. D'Ulrike Bail, de Raoul Biltgen an de Guy Helminger liesen aus hiren neitste Wierker.
De Raoul Biltgen, d'Ulrike Bail an de Guy Helminger bei hirer Liesung zu Leipzig / © Albrecht Elstermann
© kultur lx
Books from Luxembourg, Halle 4, Stand C303 / © Jérôme Jaminet
Gaaschtland vun dësem Joer sinn Holland an de flamänneschen Deel vun der Belsch.
© Jérôme Jaminet
"Alles außer flach": Gastland 2024 Niederlande & Flandern: 41 Auteuren an Auteurinnen hu sech zu Leipzig Rendez-vous ginn, dorënner wichteg Stëmme vun der hollännescher a flamännescher Géigewaartsliteratur, wéi zum Beispill de Gijs Wilbrink oder d'Lize Spit.
Mat grousser Spannung gëtt all Joer och d'Iwwerreechung vum "Preis der Leipziger Buchmesse" erwaart, dee mat 60.000 Euro dotéiert ass.
D'Laureaten an den 3 Kategorië sinn:
An der Kategorie Belletristik geet de Präis un d'Barbi Marković fir "Minihorror" (Residenz Verlag) "Rasant, seriell und pop-affin", sou heescht et an der Begrënnung vun der Jury.
An der Kategorie Sachbuch/Essayistik gouf den Tom Holert ausgezeechent fir "ca. 1972 Gewalt – Identität – Methode" (Spector Books)
An der Kategorie Iwwersetzung konnt sech d'Ki-Hyang Lee duerchsetze fir hir Iwwersetzung vun "Der Fluch des Hasen" vum Bora Chung (CulturBooks) aus dem Koreaneschen.
De Jérôme Jaminet mat der Gewënnerin vum Preis der Leipziger Buchmesse, Barbi Marković / © Jérôme Jaminet
Schonn am Virfeld gouf de "Leipziger Buchpreis zur Europäischen Verständigung" verginn, dat un den däitsch-israeelesche Philosoph Omri Boehm. Seng Visioun fir en zukünftegt Zesummeliewe vu Judden a Palästinenser baséiert op der Iddi vu Gläichberechtegung. Sech der Mënschlechkeet verflichten, amplaz just eng Säit ze ënnerstëtzen, dat ass deen Ideal, deen den Omri Boehm sech wënscht.
D'Leipziger Buchmesse huet vill Facetten. Et kann ee senge Liblingsschrëftsteller begéinen, sech Bicher signéiere loossen oder 10 Joer Manga-Comic-Con feieren. Dat alles nach bis e Sonndeg 24. Mäerz um 18.00 Auer.
Apropos Gastland 2024 Niederlande & Flandern: wien de Programm zu Leipzig verpasst huet, muss sech keng Gedanke maachen: an der nächster Episod vun eisem literaresche Podcast RTL BicherLies wäerten de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech mat dem Thema beschäftegen.