E Roman (net nëmme) fir Jonker.

Eng eegen Homepage, Soundtracken an ee speziellt Lidd fir e Buch? Jo, dat gëtt et. Esouguer bei Diogenes, deem gréissten, onofhängege Belletristik Verlag an Europa. Si, déi hire Sëtz zu Zürech hunn, publizéieren Texter vun internationale Bestseller-Auteuren. De Benedict Wells ass een dovun. Den däitsch-schwäizeresche Schrëftsteller krut elo viru kuerzem seng 40 Joer. Gutt, dass 2024 ee Schaltjoer ass, den 29. Februar war nämlech säi Gebuertsdag.

Dat ass awer net dat eenzegt, wat de jonken Auteur esou besonnesch mécht.

Zu München gebuer, seng Kandheet an Heemer an Internater verbruecht, huet hien 2003 säin Abitur gemaach. De Benedict Wells, ursprénglech Benedict von Schirach, huet säi Familljennumm ännere gelooss. Hie wollt net studéieren, mee Schrëftsteller ginn. Dofir ass hien op Berlin wunne gaangen, fir do ze schreiwen. Mat verschiddenen Jobs huet hie sech finanziell iwwer Waasser gehalen a wéi hie scho wollt opginn, well einfach kee Verlag sech fir seng Manuskripter interesséiert huet, do koum den Telefon vun Diogenes. Dat war véier Joer méi spéit am Joer 2007.

RTL

© Roger Eberhard

Ee Buch, wat villen ee Begrëff ass, heescht "Vom Ende der Einsamkeit". Dëst koum 2016 eraus a stoung annerhalleft Joer op der Bestsellerlëscht. Et krut den European Union Prize for Literature an ass bis ewell an 38 Sproochen iwwersat ginn. De Roman erzielt vun dräi Geschwëster, deenen hir Eltere bei engem Accident ëm d'Liewe koumen, wéi si nach kleng waren. Als erwuesse Persounen hëlt d'Vergaangenheet si an a si mussen sech hir stellen.

2021 koum e weidere Roman vum Benedict Wells bei Diogenes eraus, deen 2022 mam däitsche Jugendliteraturpräis ausgezeechent gouf: Hard Land.

Dëse Coming-of-Age-Roman kann ee sech op Libby als Lauschterbuch eroflueden. Libby ass eng App, mat där ee gratis Audiobicher ausléine kann. Déi eenzeg Konditioun, déi een erfëlle muss, ass, dass een an enger Bibliothéik ageschriwwen ass. Et muss een déi Kennnummer a säi Passwuert uginn, wann ee sech umellt. Et sicht ee sech e Buch eraus an huet zwou Wochen Zäit, fir et ze lauschteren. Déi Zäit kann och verlängert ginn, wann een nach net fäerdeg ass.

In diesem Sommer verliebte ich mich, und meine Mutter starb.

Deen éischte Saz aus Hard Land trëfft de Lieser direkt voll an d'Häerz a katapultéiert en an dem jonke Sam seng Gefillswelt eran.

D'Geschicht, déi och d'Nummer 1 ënnert de Spiegel-Bestseller gouf, spillt 1985 an enger klenger Stad, Grady, a Missouri. Et geet dëser Stad wéi ville klenge Stied. Méi a méi Geschäfter a Lokaler mussen hir Dieren zoumaachen an et ginn ëmmer manner Plazen, wou ee sech seng Zäit flott ka verdreiwen. Ëmmerhin gëtt et nach en ale Kino, de Metropolis, an deem de Sam e Vakanzenjob fir de Summer unhëlt. Hien huet 15 Joer an et ass seng éischt Plaz, fir ze schaffen.

Vor dem Eingang des Kinos zögerte ich. Neue Situationen machten mir seit jeher Angst, vermutlich war meine Komfortzone (Lieblingswort der Schulpsychologin) so klein wie ein Penny. Ich übte, mich lässig vorzustellen, und murmelte immer wieder wie ein Verrückter vor mich hin: „Hi, ich bin Sam…Hey, Sam mein Name!“ Mit einem mulmigen Gefühl öffnete ich die Glastür.

De Benedict Wells léisst eis ganz no u säin Haaptprotagonist erun. Mat Liichtegkeet kënnen eeler Lieser sech an de Sam eraversetzen an erënnere sech u Situatiounen aus hirer Jugend. Fir Jonker, déi et grad selwer liesen, ass et bestëmmt erstaunlech wéi präzis den Auteur sech an hirer Gefillswelt auskennt an och penibel Momenter beschreift, déi warscheinlech vill méi normal sinn, wéi een et an der Situatioun selwer wouer hëlt. Dat huet eppes Berouegendes, wéi wann hie wéilt soen: "Et geet iergendwann biergop, du wäerts et iwwerstoen a kuck, deenen anere geet et och net besser ewéi dir!"

Am Kino schafft de Sam net eleng. Fir d'éischt sinn déi aner Studenten him net ganz geheier. Iergendwéi bewonnert hien se a géif gär dozougehéieren, mee dofir musse si sech richteg kenneléieren. Dat maache si bei Muttprouwen, un deene jidderee vun hinnen och perséinlech e Stéckelche wiisst.

E ganz besonnescht Meedchen, e bësse méi erfueren an oppe wéi déi aner, mat enger klenger Spléck tëscht de viischten Zänn, donkelen Aperhoer am Kontrast zu de blonden Hoer, d'Kirstie Andretti, och Member vun der Kinostrupp, gehäit dem Sam seng Welt komplett op d'Kopp.

Hatt ass wéi séiss-salzege Popcorn fir hien. D'Kirstie ka léif sinn, awer och anescht. Hie fillt sech vun him wéi magesch ugezunn a ka seng staark Gefiller kaum kontrolléieren. Dat veronséchert natierlech enorm.

De Begrëff "Euphancholie" kënnt op. Et beschreift dat typescht Liewensgefill vu Jugendlechen tëscht Euphorie a Melancholie. De Sam ass dacks traureg. Seng Mamm ass vill krank. Och wann de Jong vu sengen Elteren net iwwert der Mamm hir tatsächlech Liewenserwaardung opgekläert gouf, weess de Lieser duerch den éischte Saz vum Buch, dass de Sam seng Mamm geschwënn verléiere wäert. Mat deem Wëssen am Hannerkapp liese sech déi eigentlech normal Ausernanersetzungen tëscht Teenager an Eltere mat enger extra Portioun Matgefill.

Hard Land ass ee wonnerbare Roman fir Jonker. Op der Websäit fënnt een en Trailer, en éierlechen Interview wéi de Benedict seng Schoulzäit an seng éischt "Loser"-Schreiwerfarungen erlieft huet an immens flott, modern Unterrechtsmaterial, fir dëst Buch an enger Klass ze liesen.

Benedict Wells
"Hard Land"
Diogenes Verlag
ISBN 978-3-257-07148-1
24€