Grouss Nimm op Lëtzebuerg bréngen a lokale Kënschtler eng Bün bidden, dat ass d'Iddi hannert dem Usina-Festival um Site Neischmelz, dee lo scho fir d'drëtte Kéier organiséiert gëtt.

D'Stad Diddeleng, den Atelier, De Gudde Wëllen an d'Kulturhaus Op Der Schmelz hunn en Dënschdeg de Moien op eng gemeinsam Pressekonferenz invitéiert. Zesumme gouf de Line-up vum Open-Air-Festival annoncéiert, deen zanter dem Kulturjoer Esch2022 organiséiert gëtt a sech antëscht zu engem ganz beléifte Festival net just hei am Grand-Duché entwéckelt huet.

Vun Ufank un, wéi dëse Festival entstanen ass, war kloer, "dat hei gëtt kee One Shot", sou den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana. Dëst Joer muss den Terrain dann och nees liicht adaptéiert ginn am Kader vun den Aarbechten um Site, déi an 2 Méint ufänken. Ma dat awer ouni dem Festival eppes ewechzehuelen, éischter de Contraire, den Terrain ass méi "spannend" gestallt. De Festival bitt wéi gewinnt e breet gefächerte kënschtleresche Programm mat Musek, Theater, Danz a Konscht. Lokal an international Kënschtler a Museker kréien hei d'Méiglechkeet virun engem grousse Public opzetrieden.

D'lescht Joer hat de Peter Fox an d'Band Interpol fir super Stëmmung um Site gesuergt, dëst Joer dierf ee sech op den däitsche Rapper Cro freeën, deen no 11 Joer de Wee zeréck op Lëtzebuerg fënnt. Säin Optrëtt gouf jo schonn am Dezember als klenge Avant-goût annoncéiert. Ma et kann ee sech nach iwwer aner grouss Nimm freeën, wéi zum Beispill den Joris. A souvill sief scho mol verroden, de Joris spillt zu Diddeleng den 1. Concert mat engem fuschneien Album, dee réischt nächst Joer rauskënnt. D'Post-Punk-Band English Teacher, Kids with Buns stinn dann och um éischte Festival-Dag op der Bün.

Um zweeten Dag vum Festival um Sonndeg erwaart een da Bands wéi Say Yes Dog a Balming Tiger. Mat vill Freed gouf dann och den Optrëtt vum Tali annoncéiert.

Wéi all Joer ginn eng Panoplie u regionalen a lokale Museker a Bands erwaart. Um Samschdeg ass dat den CHAiLD, C'est Karma, Bartleby Delicate, Ryvage oder nach Culture the Kid. E Sonndeg, wou den Accent méi op de Famillje läit, kann ee sech nach Naft, Nikki Ninja & Afrobeathoven, Mambo Schinki, Tal Arditi, Bazzookas, déi direkt mat engem ganze Bus op de Festival kommen an nach den Neil Black zesumme mat der Déifferdenger Museksschoul ulauschteren.

All ze déif muss een net an d'Täsch gräifen, vergläicht een dësen Event mat anere Festivallen. 59 Euro muss ee fir säin Ticket bezuelen, de Sonndeg ass gratis, sou och fir Kanner ënner 12 Joer um komplette Festival-Weekend (do geet et duer, e Mail un d'Gemeng ze schécken). Erënnert sief nach un de Kulturpass, wou ee sech seng Entrée och séchere kann.

De ganze Line-Up vum Festival souwéi weider Informatioune fannt Dir och um Site vun Usina24. An den nächste Méint wäert de Programm vum Festival nach completéiert ginn an et dierf een op déi eng oder aner Iwwerraschung gespaant sinn.

Extrait John Rech
Den Direkter vum Kulturservice vun der Gemeng Diddeleng mat e puer Detailer.
RTL