D'Schrëftstellerin Lucy Score huet villes ausprobéiert, éier si hir Beruffung fonnt huet. Vun der Yoga-Proff, iwwert eng Barkeeperin, bis zur Journalistin war alles dobäi.

Elo verbréngt si hir Deeg domat spannend a romantesch Romaner ze schreiwen - an dat mat groussem Succès!

Hir wuel bekanntste Bicher sinn déi aus der Knockemout-Trilogie, déi virun Allem op TikTok polariséiert hunn. Den Numm vun der Serie baséiert sech op där klenger, fiktionaler Stad Knockemout a Virginia, an där alleguer d'Romaner spillen a wou sech den Traatsch a Klaatsch méi séier verbreet, wéi e Virus.

Wärend sech all Buch op aner Personnagë fokusséiert, dauchen déi aner Figuren iwwert déi ganz Serie ëmmer nees op. Am beschten huet een d'Romaner an der richteger Reiefolleg ze liesen, well sech d'Geschicht weiderentwéckelt, eenzel sinn se awer och ze verstoen.

1. Band: Things We Never Got Over

Am éischte Band geet et ëm d'Naomi Witt, eng Fra an déi 30 Joer mat enger identescher Zwillingsschwëster - jiddefalls wat hiert Ausgesinn ugeet, vum Charakter hier kéinte si méi ënnerschiddlech net sinn.

Nodeems d'Naomi hire Bräitchemann virum Altor stoe gelooss huet, ass si fortgelaf an zu Knockemout gelant. Do leiert si de Barkeeper a Coiffer Knox Morgan kënnen. Weider trëfft d’Naomi op hiren Zwilling, d'Tina Witt, déi en 11 Joer alt Meedchen huet, vun deem keen aus der Famill eppes wousst. Ouni Aarbecht, ouni Suen an ouni Haus, muss sech d'Naomi en neit Liewen opbauen a sech iwwerraschend ëm hir Niess këmmeren, wéi d'Tina sech bemol duerch d'Bascht mécht.

D'Naomi an den Knox fille sech vun Ufank u vuneneen ugezunn, sichen allerdéngs allen zwee net no engem Partner. Ma d'Geschicht entwéckelt sech weider, an esou och hir Relatioun.

De Roman ass eng Romanz, verkierpert awer och eng ganz Partie aner Thematiken. Et geet ëm en neien Ufank, finanziell Onsécherheet, ëm Kannervernoléissegung an ëm nei Frëndschaften. Béid Protagonisten hu Saachen erlieft, iwwert déi si nach ni mat engem geschwat hunn, leieren awer mat der Zäit sech dës géigesäiteg unzevertrauen, an no vir ze kucken.

2. Band: Things We Hide from the Light

Weider geet et mam Knox sengem Brudder a Policechef Nash Morgan. Nodeems hien ugeschoss gouf ass hien net méi dee Mann, deen hie virdru war a muss sech esouwuel physesch, wéi och mental dovun erhuelen.

An dësem Roman daucht dann och en neie Personnage op. D'Lina Solavita ass berufflech zu Knockemout, dierf dat awer kengem verroden - scho guer net engem vun der Police. Dobäi wunnt den Nash Dier un Dier mam Lina an déi zwee versti sech ëmmer besser.

Et ass eng Geschicht mat der idealer Mëschung aus engem klassesche Libesroman an engem Krimi.

3. Band: Things We Left Behind

Aktuell sinn ech nach mam drëtte Band amgaangen an et ass och deen, op deen ech mech am meeschte freeën.

De Lucian Rollins an d'Sloane Walton huet ee schonn an deenen éischten zwee Bicher kennegeléiert. Et weess een, datt déi zwee eng gemeinsam Vergaangenheet verbënnt, kee vu béiden awer doriwwer schwätze wëll. Si schénge sech op den Dout net ausstoen ze kënnen, de Grond dofir ass awer nach e Rätsel.

Wärend d'Sloane an der lokaler Bibliothéik schafft, verdéngt de Lucian seng Sue wuel mat kromme Geschäfter an ass de mysteriéise Frënd vun de Morgan-Bridder.

Ofwiesselnd gëtt dës Geschicht aus deenen zwee hire Perspektiven erzielt. Ëmmer nees fënnt een dotëscht eng Partie Flashbacken. Nodeems si scho wichteg Personnagen am éischten an am zweete Band verkierpert, hunn, gëtt een hei endlech méi iwwert hir Vergaangenheet gewuer.

RTL

© Lisa Jentsch