D'Hannah Guiterrez-Reed ass vun engem US-Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 18 Méint verurteelt ginn.

Si war bei den Dréiaarbechte vum Western-Film Rust fir d'Sécherheet vun de Waffe responsabel. Bei den Dréiaarbechte vum Film, bei deem den Alec Baldwin matspillt, gouf eng Kamerafra déidlech vun enger Kugel aus engem Revolver getraff.