Observatioun, Storytelling, Vertrauen an Intuitioun sinn, niewent der Kamera, déi wuel wichtegst Outile fir e Fotograf. A genau dat brauch et och an der Street Photography. Si dokumentéiert a wërft verschidde Bléckwénkel a Perspektiven op alldeeglech Momenter. Um Light Leaks Festival an de Rotonden kann een a genau dës Welten andauchen. Wärend de 4 Deeg vum Foto-Festival stinn, niewent der grousser Ausstellung, och Workshoppen a Gespréichsronnen am Fokus. Mir ware beim Opbau vun der Fotoexpo dobäi an hu mat verschidde Fotografe geschwat.