D'Baueren hunn e Wollef am Verdacht Zanter leschter Woch goufen tëscht Bruechtebaach an Eschweiler véier Källwer gerass

RTL Lëtzebuerg
Am Norde vum Land gi verschidde Baueren dovun aus, dass e Wollef Källwer gerass huet. Eng offiziell Confirmatioun gëtt et awer nach net.
© Domingos Oliveira

Am Norde vum Land goufen zanter leschter Woch véier Källwer gerass. Wéi RTL vun zwou Sourcë vun der Plaz matgedeelt krut, wieren d'lescht Woch tëscht Bruechtebaach an Eschweiler dräi Källwer gerass ginn. E Méindeg wier dann nach ee weidert dobäi komm. Op Fotoen, déi e Méindeg op der Plaz vum leschten Tëschefall gemaach goufen, ass en Déier ze gesinn, deem säi Fleesch deels bis op d'Schanken erof geknat gouf.

Bei de concernéierte Baueren, geet een dovun aus, dass e Wollef d'Béischte gerass huet. Eng offiziell Confirmatioun gëtt et allerdéngs nach net. D'Analyse vun der ANF missten nach gemaach ginn, heescht et vun der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO