
Iwwer d'Doudesursaach ass den Ament nach näischt gewosst.
D'Actrice huet am Laf vun hirer Karriär ënner anerem an der Serie "Polizeiruf 110" oder an der däitscher "Euphoria"-Adaptatioun "Euphorie" matgespillt, des Weideren och zesumme mam Jürgen Vogel an der Krimiserie "Jenseits der Spree". Eng Haaptroll hat si iwwerdeems och dëst Joer am Coming-of-Age-Film "Run Me Wild".
Fir Opmierksamkeet hat d'Luna Jordan 2022 gesuergt, wéi si beim Éisträichesche Filmpräis fir hir Roll an "Fuchs im Bau" als bescht Niewenduerstellerin ausgezeechent gouf. An hirer Ried huet d'Actrice op sexualiséiert Gewalt a Muechtmëssbrauch am Film- an Theatersecteur opmierksam gemaach an dobäi erkläert, selwer och dovunner betraff gewiescht ze sinn. De presuméierten Täter, en éisträichesche Realisateur, wier iwwerdeems wärend der Ried och am Sall present gewiescht.