Tëschefall um CR186Auto tëscht Beetebuerg an der Kockelscheier komplett ofgebrannt

RTL Lëtzebuerg
Duerch seng séier Reaktioun huet e Mann Schlëmmeres verhënnert. Säin Auto konnt awer net méi gerett ginn.

Kuerz viru Mëtteg koum et um CR186 tëscht der Kockelscheier a Beetebuerg zu engem Tëschefall mat engem Auto. Dem Automobilist war opgefall, datt Damp aus sengem Gefier koum. De Mann hat séier reagéiert a säin Auto nieft der Fuerbunn ofgestallt. Wärend hien d'Pompjeeë geruff hat, war säin Auto a Flamen opgaangen.

D'Pompjeeën, déi op d'Plaz koumen, konnten nach just verhënneren, datt d'Feier sech vum Auto aus weider ausbreet. D'Gefier gouf duerch Brand komplett zerstéiert, de Chauffer koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO