Patron vum Restaurant "Beim Baron"Ernesto Prosperi am Alter vun 61 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Hie war eng Ikon op seng ganz eegen Aart a Weis: souwuel als Kach wéi och als Animateur. Den Ernesto Prosperi ass am Alter vun 61 Joer a senger Heemecht Italien gestuerwen.
De Kach Ernesto Prosperi ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen.
De Kach Ernesto Prosperi ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen.
© RTL Archiv

Den italieenesche Kach ass e Sonndeg de 17. Mee 2026 stënterlech a sengem Doheem gestuerwen. Dat deele seng Fra a seng Famill an enger italieenescher Doudesannonce an op Facebook mat. Hie wier e "geléifte Mann, geléifte Papp, geléifte Bopa, geléifte Brudder an eng wäertvoll Persoun" gewiescht an hätt hinnen "Halt" a "Stäerkt" ginn.

Begruewe gëtt den Ernesto Mario Prosperi en Dënschdeg an der Kierch Santa Maria Maddalena zu Castiglione del Lago an Umbrien an Italien.

De laangjärege Patron vum Restaurant beim Baron zu Uesweller war ville Leit net nëmmen als Gastronom bekannt, mee och als Kach, dee seng Plate mat häerzlechem Gesang begleet huet. 2019 huet hie mat sengem Restaurant bei der däitscher Tëlee-Sendung "Mein Lokal, Dein Lokal" matgemaach.

Och als sympatheschen RTL-Tëleeskach war den Ernesto Prosperi a villen Emissioune bei eis op der Antenn ze gesinn.

Summerdelikatessen mam Ernesto
All Woch kritt Dir de Summer duerch Spezialitéite vum Ernesto presentéiert. Loosst Iech iwwerraschen!

2016 huet den Ernesto Prosperi-Brotons säi Kachbuch "Le palais des palais" mat 150 italieenesche Rezepter erausbruecht - vu Klassiker bis eege Variatiounen ass alles ze fannen.

Live! Planet People
De Christian Schock huet mat 8 Joer déi éischte Kéier Golf gespillt. Den Ernesto Prosperi presentéiert säin neit Buch "Le Palais des Palais".

Vu Frënn, Clienten a Kolleege gëtt hien als "formidabele Mënsch, Entertainer a Kach" beschriwwen, deen d'Häerz um richtege Fleck hat a mat senger Liewensfreed a Begeeschterung jonk an al matrappe konnt.

2021 huet den Ernesto Prosperi missten d'Decisioun huelen, fir aus gesondheetleche Grënn säi Restaurant zou ze maachen a méi kuerz ze trëppelen.

De Paschtouer aus der Gemeng Rouspert-Mompech huet iwwerdeem nach matgedeelt, datt och zu Uesweller eng Mass gehale géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO