Den US-amerikanesche Schrëftsteller ass en Dënschdeg am Alter vu 77 Joer un de Suitte vu Longekriibs gestuerwen.

Dat mellen d'New York Times an de Guardian a beruffe sech dobäi op d'Jacki Lyden, eng Frëndin vum Paul Auster.

Den Auteur ass an den 80er Jore bekannt ginn duerch seng "The New York Trilogy". A senger Karriär huet hien iwwer 30 Bicher geschriwwen, déi a méi wéi 40 Sproochen iwwersat goufen a meeschtens zu New York gespillt hunn. Seng heefeg existenzialistesch Romaner waren och ganz beléift an Europa. Säi lescht Wierk "Baumgartner" ass am November 2023 erauskomm.