Fir d'Frënn vun Techno ass de LOA dëse Weekend scho laang am Kalenner markéiert.

No der éischter Editioun 2019 ass de LOA déi lescht Joren ëmmer nees gewuess a fir de Season Opening um Belval ass een elo schonn déi ganz Woch amgaange mat opriichten. E Freideg geet et lass an de Loïc Juchem war bis kucken ob d'Bün steet.

Et ass elo fir déi drëtte Kéier, datt de Site um Belval sech an eng Festival-Location verwandelt. Op dräi Büne wäerten international DJen opleeën, awer och Lëtzebuerger sinn en Deel vum Festival, sou zum Beispill den DJ Nosi. Ee vun den Headliner ass de Will Sparks an de Malaa. Vun deem weess een net vill, de franséischen DJ huet ëmmer eng Cagoule op.

15.000 Leit gi sech déi nächst Deeg um Belval erwaart.

Et ass den Optakt vum Festivalsummer 2024, an den nächste Wochen a Méint ginn nach eng sëllege weider Festivallen uechter d'Land organiséiert: Koll an Aktioun, den Usina Festival, d'Francofolies an de Siren's Call Festival sinn nëmmen e puer Highlighten.

All d'Informatioune ronderëm de LOA Festival fannt Dir um offizielle Site.