Clueso gëtt Lëtzebuerg eng 11 vun 10Op “Deja-Vu“-Tour an der Abtei Neimënster

Pierre Weimerskirch
Deja-Vu, esou heescht den neien Album vum Clueso. Den däitsche Sänger huet e Sonndeg am ausverkaaften Haff vun der Abtei Neimënster gespillt.

Et ass net den éischten Open-Air-Concert vum Clueso zu Lëtzebuerg. Am Juli 2023 huet hien um Echterlive gespillt.

Op eng Virband gouf fir dëse Concert verzicht. Amplaz stoung vun der éischter Minutt un d'Musek vum Clueso am Mëttelpunkt, dat net nëmmen duerch de Klang vu senger Stëmm. Ma zesumme mat der Band hu besonnesch Klangfaarwen den Haff vun der Abtei Neimënster gefëllt.

Direkt fir den Optakt huet hie mat “Chicago” d’Fans zum Sange bruecht. Op der Setlist stoungen nieft de Klassiker och e puer méi nei Lidder um Programm. De besonnesche Sound gouf virun allem och a verschiddene Stécker duerch d’Trompett, Saxophon a Posaun bekräftegt.

Vu Fantastischen Vier bis Udo Lindenberg

D'Kuliss fir dëse Concert huet der ganzer Band gutt gefall. Schonn am Virfeld hat de Clueso am Gespréich mat RTL erzielt, wéi gären hie Lëtzebuerg a seng Haaptstad huet.

E méi emotionale Moment gouf et bei “Ballon“, engem Lidd vum aktuellen Album "Deja Vu", dat hie fir säi Papp geschriwwen huet. Et war déi éischte Kéier, dass hien dëse Song live gespillt huet.

De Sänger huet ëmmer nees kleng Geschichten erzielt, ënner anerem wéi hien eng Kéier den Udo Lindenberg iwwerzeegt huet, fir mat him an eng Talkshow ze goen. Kuerz drop gouf ouni Udo Cello gesongen.

No knapp 90 Minutten huet de Clueso d’Setlist op d’Kopp gehäit an ass op d'Wënsch aus dem Publikum agaangen. D’Fans ware begeeschtert, d’Band an de Sänger voll dobäi. "Achterbahn", "Zusammen" oder och "Tanzen" hu sech d'Leit am Publik gewënscht.

"Zusammen" ass e Song, deen hien zesumme mat de Fantastischen Vier opgeholl huet. Déi waren e Sonndegowend net live dobäi, stinn awer nächste Juni um Open-Air zu Belval op der Bün.

De Clueso huet ëmmer nees seng Begeeschterung fir Lëtzebuerg ënnerstrach. Hie sot: “Liebes Tagebuch, was schreibe ich rein. Luxemburg eine 11 von 10.”

Back to Top
CIM LOGO