Film vun der Woch"La Chaleur" vum Stéphane Demoustier

Frank Grotz
De franséische Cinéast Stéphane Demoustier konnt scho mat Wierker wéi "La Fille au Bracelet" a "L’Inconnu de la grande Arche" op sech opmierksam maachen.

Dem Stéphane Demoustier säin neiste Film "La chaleur" ass d’Adaptatioun vum Victor Jestin sengem Roman mam selwechten Numm, bei deem en Teenager probéiert, en däischtert Geheimnis ze verstoppen. De 17 Joer ale Marouane, gespillt vum Hadrien Hussein, verbréngt de Summer op engem Camping bei der Plage. Wärend seng Kolleegen op der Sich no der grousser Vakanzeléift sinn, ass hien éischter schei an zeréckhalend.

Beim Sträit mat engem anere Jong fält dësen onglécklech a kënnt em d'Liewen. An der Panik verstoppt de Marouane d'Läich a probéiert, net opzefalen.

"La chaleur" verbënnt de Genre vu Filmer iwwert d'Erwuesseginn mat engem tragesche Kriminalfall. D'Resultat ass e Thriller mat engem präzise Bléck fir d’Onsécherheet vun engem Teenager an d'Kommunikatiounsproblemer, déi sech doraus erginn.

Dobäi bréngt de Realisateur Stéphane Demoustier et fäerdeg, beim Haaptpersonnage sengem zilose Geschlapps iwwert de Camping duerch subtil Revirementer an Dialoger eng effikass Spannung opzebauen. Dem Marouane säi Geheimnis mécht aus deene banaalste Situatiounen op eemol Momenter, déi iwwert säi Liewe kënnen entscheeden, woubäi sech ëmmer d'Fro stellt, wéini hie bereet ass' Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO