De Roman ass eng Libeserklärung un dat eenzegt Liewen, dat mir hunn. All eis d’Decisiounen, esouguer déi, déi mir bereien, maachen eis zu deem Mënsch, dee mir sinn.

Stellt iech eng Bibliothéik vir, gefëllt mat all de Liewen, déi dir hätt kënne féieren. Alles wat dir jeemools bereit hutt, kéint dir réckgängeg maachen. Op genau esou enger Plaz befënnt sech d'Protagonistin Nora Seed, nodeems hatt aus Verzweiflung versicht huet, sech d'Liewen ze huelen. An dëser Bibliothéik, wou d'Auer ëmmer op Mëtternuecht steet, huet d'Nora d'Méiglechkeet nach eng Kéier vu vir unzefänken. Mee kann een an engem anere Liewe glécklech ginn, wann ee weess, datt et net dat eegent ass?

D'Nora ass op enger Rees tëscht Hoffnung an Trouscht. Hatt leiert vill iwwert sech selwer an iwwert dat, wat him am Liewen eigentlech wichteg ass. Am Laf vun der Geschicht entwéckelt sech säi Personnage enorm an och als Lieser gëtt een ëmmer méi gepak.

Et ass e Buch, dat de Lieser zum nodenke bréngt. Et stécht voller Reflexiounen, déi een dorun erënneren, dat eenzegt Liewen, dat een huet, an d'Entscheedungen, déi een an der Vergaangenheet geholl huet, ze appreciéieren. "Die Mitternachtsbibliothek" erzielt iwwert de Sënn vum Liewen an d’Gewiicht vun all Entscheedung, déi mir treffen, och wann se eis nach esou kleng schéngt.

Dem Matt Haig ass et gegléckt e Buch ze schreiwen, dat een net einfach liest, mee dat een erlieft. Als Lieser gëtt een inspiréiert, versteet awer och dankbar ze sinn, fir dat wat een huet. En absolutte "Must-read" fir jiddereen deen sech schonn eng Kéier gefrot huet: "Wat wier wann…?", ganz egal a wéi enger Phas vum Liewen ee grad steet.