Fir déi drëtte Kéier huet de LOA-Festival Statioun um Belval gemaach. Dausenden Techno-Fans hunn de Weekend do gefeiert, wou fréier Lëtzebuerger Stol produzéiert gouf.

Um Freideg war d'Wieder nach gutt, um Samschdeg huet de Reen d'Festivalstëmmung e bësse gedréckt, awer nëmme ganz liicht.

D'Organisateuren hate fir e Samschdeg all hir Tickete verkaf. A wat den Owend méi spéit ginn ass, wat méi Leit komm sinn.

Eemoleg Kuliss um fréiere Stolsite

Et ass schonn eng ganz besonnesch Plaz fir e Festival. Elektro-Musek nieft den Héichiewen um Belval. Wéinst dem Ree sinn d'Leit um Samschdeg géint der Owend lues a lues eragedrëpst.

Ee vun den Highlighten um Samschdegowend war Regard. Den DJ a Produzent aus dem Kosovo huet 2019 mat "Ride it" den internationalen Duerchbroch gepackt. Um Belval huet hien et fäerdeg bruecht, fir eng geloosse Stëmmung ze suergen. Huet ee ronderëm sech gekuckt, konnt een trotz naassem Wieder a vill zefridde Gesichter kucken.

RTL

Mat de Beats den Alldag vergiessen

D'elektronesch Danzmusek huet hiren Ursprong an den 80er Joren an den USA. Nach ëmmer ass Techno ganz beléift. De Public war éischter jonk. Goodboys a Malaa ware weider grouss Nimm, déi op der Haaptbün stoungen. An déi et fäerdeg bruecht hunn, de ville Fans e Moment ze schenken, wou se hiren Alldag konnte vergiessen.

RTL

Bis an Esch an och a verschiddenen Nopeschgemengen huet ee bis Mëtternuecht héieren, dass am Süden eng méi lass war. E groussen Deel vun der direkter Noperschaft vum Festival huet sech kaum un der Musek gestéiert, ware vill vun de Balcone gutt besicht an och do d'Stëmmung ganz geloossen.

Déi éischt Editioun vum LOA gouf 2019 organiséiert, zanterhier ass de Festival vu Joer zu Joer gewuess. Op insgesamt dräi Bünen hunn international a Lëtzebuerger DJen e Freideg an e Samschdeg opgeluecht.

Weider Andréck vum LOA