Zanter 2016 organiséiert de "Luxembourg Streetphoto Collective" de Fotofestival a bréngt och ëmmer méi grouss international Nimm op Lëtzebuerg.

Per Definitioun gëlle Fotoen, déi am urbane Raum entstinn an net poséiert sinn, mä vun onerwaarte Renconteren an Evenementer liewen, als "Street Photography". A genau déi Konschtform steet zanter en Donneschdeg den Owend an de Rotonden erëm am Mëttelpunkt.

Nieft der traditioneller Kollektivausstellung vu ronn 25 lokalen an internationalen Artisten bannen, ass baussen nëmmen ee vun de Fotografen ervirgehuewe ginn. Dëst Joer ass de Choix op den Nikita Teryoshin a seng Ausstellung "nothing personal - the back office of war" gefall,  eng Serie, déi tëschent 2016 an 2023 op diverse Waffe-Foiren uechtert d'Welt entstanen ass.

Donieft ginn och eng ganz Partie Workshoppen ugebueden a Konferenze vun den internationalen Invitéeën ofgehalen. Mat dobäi sinn, nieft dem Nikita Teryoshin, och de Richard Kalvar, d'Bieke Deporter an de Michael Ackerman.

Weider kann ee sech och Feedback vun den internationale Fotografen zum eegene Portfolio froen, bis zu dräi Biller un der sougenannter "Open Wall" ophänken, oder einfach e klengen Tour iwwert de Basar oder de Bicher-Maart maachen.

Natierlech ginn och dëst Joer nees Nowuesstalenter gefërdert, nämlech d'Schüler vum Lycée Aline Mayrisch a vum Arts et Métiers.

De "Light Leaks Festival" kann een nach bis den 12. Mee an de Rotonden entdecken. Méi Informatiounen iwwer an Tickete fir déi divers Evenementer ginn et hei.