E Bléck duerch déi Lëtzebuerger Geschicht
37 Muséeën hunn iwwert de Weekend bei de Museum Days matgemaach an hate Porte ouverte.
Zanter 27 Joer gëtt dës Porte ouverte an de Muséeën organiséiert. Deels ginn hei mat gratis Entrée a speziellen Offeren iwwer 17.000 Visiteuren uechter d'Land ugezunn.
"All Musée spillt eng wichteg Roll an der Gesellschaft", sot de Frank Schroeder, President vum Conseil international des musées Luxembourg (ICOM), deen dës Deeg organiséiert. Op där enger Säit wier e Musée do, fir ze weisen an ze konservéieren, mee dobäi kéim awer och eng Vermëttlerroll tëscht den Experten oder de Kënschtler an dem grousse Public. Op där anerer Säit géingen an de Muséeën awer och Wäerter vermëttelt ginn.
En Naturmusée géing zum Beispill iwwert d'Problemer an der Natur, iwwer d'Ëmweltverschmotzung an och iwwert de Klimawandel schwätzen. Am Resistenz- a Mënscherechtsmusée zu Esch, wou de Frank Schroeder Direkter ass, géingen d'Mënscherechter vill thematiséiert ginn.
Fir d'Museum Day war RTL e Sonnden an de Musée rural et artisanal zu Peppeng, wou d'Liewen an d'Schaffe wéi fréier kann an engem ale Bauerenhaus vun 1842 erlieft ginn.
Dono hu mer eis an d'Zäit vum Eisenäerzofbau beginn. Wärend enger Tour um Hutbierg zu Rëmeleng, déi vum Musée national des mines organiséiert gëtt, léiert een alles iwwert den iwwerierdesche Minettofbau a wéi d'Natur sech haut ëmmer méi dësen Terrain zréckhëlt.
Am Sonndegnomëtteg goung et dann an de Resistenz- a Mënscherechtsmusée zu Esch, deen nodeems en 2018 fir Renovéierungsaarbechten zougaangen ass, elo zanter Mäerz nees seng Dieren ophuet. Hei léiert een, wéi d'Liewe wärend der Occupatioun am 2. Weltkrich hei am Land ausgesinn huet. Awer och iwwert dës Zäit eraus. Iwwert d'Nokrichszäit an d'Mënscherechter.