Lëtzebuerger Presenz um Filmfestival zu Cannes
All Joers gi sech d'Leit aus dem Filmsecteur hei Rendez-vous, fir sech auszetauschen, sech ze vernetzen an hir Wierker ze presentéieren. Wéi gewinnt ass och de Lëtzebuerger Pavillon mattendran.
Vum 14. bis de 25. Mee ass un der franséischer Côte d'Azur schonns déi 77. Editioun vum Filmfestival an empfänkt dës Kéier méi wéi 30.000 Professioneller a bal 5.000 Journalisten, fir de Filmsecteur zesummen ze feieren.
Direkt bei der Plage gesäit een dann och schonns de lëtzebuergesche Fändel. Hei steet nämlech de Lëtzebuerger Pavillon an an deem fënnt een déi eng oder aner bekannt Gesiichter. Dorënner de Kulturminister Eric Thill, den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden oder och den Acteur Tommy Schlesser.
Dem Lëtzebuerger Filmfong no liewen am Grand-Duché ronn 1.000 Persoune vun der audiovisueller Produktioun an deemno ass de Festival e wichtege Rendez-vous, deen een op kee Fall verpasse sollt.
Mat an der Kompetitioun sinn direkt zwou Produktiounen aus dem Grand-Duché. Eng Kéier de Film All We Imagine as Light, un deem, ënnert anerem, dem Gilles Chanial seng Produktiounsfirma geschafft huet, déi hire Sëtz zu Déifferdeng huet. An dann nach déi lëtzebuergesch Koproduktioun The Roaming, déi als Virtual-Reality-Installatioun an enger ganz neier Kategorie untrëtt.
De Präis fir dat bescht immersiivt Wierk wäert en Donneschdeg iwwerreecht ginn an d'Palme d'Or e Samschdeg.