Wisou de Film esou dacks géint d'Buch verléiert

© Shutterstock / Deflet
Den Debat doriwwer, ob dann elo Bicher oder Filmer besser sinn, gëtt et zanter Joerzéngten an ass en ëmstriddene Sujet.
Filmer a Bicher erziele Geschichten, just op ënnerschiddlech Aart a Weis. Ma dacks baséiert e Film op engem Buch. Esou wësse vill Leit net, datt James Bond eigentlech eng Serie vu Bicher ass.
Léift fir den Detail a Loft fir d'Virstellungskraaft
An der Reegel si Bicher méi genau, well verschidde Saachen an de Filmer aus Zäitgrënn wechgelooss ginn. E Beispill dofir bitt Harry Potter. An de Bicher fënnt ee lauter Hannergrondinformatiounen, detailléiert Beschreiwungen a komplex Charakterentwécklungen. Dës goufen an de Filmer zwar immens gutt visualiséiert, si sinn awer dacks net esou komplett wéi d'Bicher.
Filmer hunn dogéint de Virdeel, datt se visuell ganz staark sinn an Emotiounen och ouni Wierder kënnen eriwwerbréngen. Allerdéngs sinn se wuel e méi passive Medium, well se dem Spectateur, anescht wéi bei engem Buch, wéineg bis guer kee Raum fir déi eege Virstellungskraaft loossen.
Domat komme mer och direkt op deen nächste Punkt. E Buch kann eng Situatioun, e Personnage oder eng Plaz zwar nach esou gutt an detailléiert beschreiwen, schlussendlech ass de Lieser trotzdeem gezwongen et sech selwer visuell virzestellen. Doduerch kënnt et natierlech och dozou, datt sech all Lieser d'Schlass vun Hogwards e bëssen anescht virgestallt huet. Wann een duerno dann eréischt de Film gesäit, ass een entweder positiv iwwerrascht oder enttäuscht, well een et sech ganz anescht virgestallt hat.
Afloss op den Tempo
Bei engem Buch kann de Lieser den Tempo vun der Geschicht selwer bestëmmen, och emol eng Paus maachen oder e Passage nach eng Kéier liesen. Am Kino ass d'Durée vum Film virginn a wann een eng Zeen verpasst, dann huet een se verpasst.
En déiwen Abléck an d'Gedanke vum Personnage
Bicher bidden dacks eng méi déifgräifend Charakterentwécklung oder kënnen op d'mannst besser novollzu ginn. E Grond dofir sinn déi heefeg Monologer a Bicher, déi dem Lieser en Abléck an d'Gedanke vun engem Personnage ginn. Schauspiller benotzen hir Mimik a Kierpersprooch, fir Emotiounen eriwwerzebréngen, mee wat wierklech an hinne virgeet, dat ass fir de Spectateur méi schwéier ze gräifen.
Lescht Gedanken
Schlussendlech muss een natierlech bedenken, datt deen een am Allgemenge gäre liest, an deen anere léiwer e Film kuckt, wéi e Buch opzeschloen. Béides huet seng Virdeeler, wéi och seng Nodeeler an dacks huet d'Preferenz einfach eppes mat der perséinlecher Virléift ze dinn. Beispiller wéi Harry Potter weisen, datt béides ganz erfollegräich ka sinn.
E Buch dat an deene leschte Méint a Jore ganz vill Succès hat an dacks gelueft gouf ass It Ends with Us (op Däitsch: Nur noch ein einziges Mal) vum Colleen Hoover. Den 9. August soll d'Verfilmung vum Roman an de Kino kommen. Deemno kënnen d'Lieser gespaant bleiwen, wéi eng Versioun hinnen hei besser gefält. Mee net fir näischt héiert ee vu Produzenten ëmmer nees, datt et net einfach wier, e gutt Buch zu engem Film z'adaptéieren.