"Ech versichen, mam Häerz ze kucken, net mam Kapp"
Ënner dem Liicht vun de Scheinwerfer um gréisste Filmfestival vun Europa sinn all Blécker op déi Lëtzebuerger Filmschauspillerin Vicky Krieps geriicht.
Bei der 77. Editioun vum Festival ass si Member vum Jury an der Sektioun "Un certain regard". An hirer Roll vum Jury muss sech d'Lëtzebuergerin zesumme mat den anere Membere fir ee Film vun 18 entscheeden.
"Ech komme fir d'Filmer, fir de Kino. An de Kino ass Kino. A wat ech ka soen zu deem MeToo-Theema ass, dass d'Filmer immens staark sinn an der Fraesektioun. Immens staark Filmer vu Fraen, immens staark Filmer iwwer Fraen. Dat ass eng Stëmm vun de Fraen, vun der Feminitéit, déi eropkënnt, ganz haart. An dat ass genial. An soss ass et wéi ëmmer. An et ass ëmmer e Kampf tëscht dem méi kommerzielle Kino an dem Konschtkino. An ech gesinn a menger Sektioun immens schéine Konschtkino."
Vun den 18 Filmer an der Kategorie sinn der aacht dobäi, wou et de Realisateuren hiren éischte Laangfilm ass.
"Ech versichen, mam Häerz ze kucken, net mam Kapp, well wann ech mam Kapp kucken, da gesinn ech Feeler, a vill Feeler si kommen dohin, dass ee vläit nach ni e Film gemaach huet, oder et gi vill Grënn, firwat een e Film mécht, an et ass immens schwéier, e gudde Film ze maachen, et ass esou schwéier, e gudde Film ze maachen. Dofir versiche ech ganz mam Häerz ze kucken, an genau, mol eng Kéier virun allem ze waarden, wat geschitt, wann ech all d' Filmer gesinn hunn, wat da wierklech eropkënnt nach, wat da bleift."
Am Moment ass déi talentéiert Schauspillerin op der Affiche vum Film "The Dead Don't Hurt" ze gesinn, e Film, dee vum Viggo Mortensen realiséiert an interpretéiert gëtt. Et ass e Western mat enger Libesgeschicht mëtten am Sezessiounskrich an Amerika am 19. Joerhonnert, eng Welt, wou Léift a Fraen keng wierklech Plaz hunn.