Bekannt aus "Un homme et une femme"
Schauspillerin Anouk Aimée am Alter vun 92 Joer gestuerwen

© AFP
International gouf déi franséisch Schauspillerin bekannt Ugangs de 60er Joren duerch de Film "La Dolce Vita" vum Federico Fellini.
De franséische Realisateur Claude Lelouch hat mat der Anouk Aimée an dem Jean-Louis Trintignant 1966 d'Libesgeschicht "Un homme et une femme" gedréint, deen och Oscar-priméiert gouf. De Film krut 1986 an 2019 zwou Fortsetzungen. 2002 krut d'Schauspillerin en Éieren-César fir hiert Liewenswierk.
En Dënschdeg ass d'Anouk Aimée am Alter vun 92 Joer gestuerwen.
Am meeschte gelies