D’Zil ass et, d’Allgemengheet drop opmierksam ze maachen, wéi wichteg et ass, Dokumenter professionell ze traitéieren an ze stockéieren.

Archivinstitutioune suerge fir den Erhalt vun den Erënnerungen. D’Lynn Cruchten war an deem Kontext an d’Nationalbibliothéik bei de Centre d’études et de documentation musicales.

Dem CEDOM seng Haaptaufgab ass et, de Lëtzebuerger geschriwwene Museks-Patrimoine ze sammelen, ze conservéieren an och zougänglech ze maachen.

Am Archivraum si konstant 18 Grad mat enger Loftfiichtegkeet vu 55%. Nom éischten Tri vun neien Dokumenter ginn all d’Elementer, déi de Pabeier oder d’Piècen op laang Dauer ugräife kéinten, ewechgeholl.

An de Këschten dann nach eemol seierfräi Mappen a seierfräi Blieder fir ze separéieren. Ween eppes aus dësem Musek-Archiv-Magasin consultéiere wëll, dierf dat net, wéi mat aneren Dokumenter oder Bicher einfach fräi am grousse Bibliothéikssall, maachen.
 
Den Interêt un de Museksarchive wier ganz villfälteg. Mol géife sech Museker mellen, mol kéimen Ufroen am Kontext vu spezifesche Fuerschungsprojeten an heiansdo och einfach Privatpersounen, déi op der Sich no engem Lidd aus hirer Kandheet wieren.