Am Joer 2000 koum kee ronderëm den Ouerewuerm "Butterfly" vu Crazy Town. Fir d'Band ronderëm de Frontsänger Shifty Shellshock sollt et awer beim eemolegen Erfolleg bleiwen.

Wéi aus offiziellen Dokumenter vun der Geriichtsmedezin zu Los Angeles ervirgeet, ass den 49 Joer ale Seth Binzer, wéi hie mat biergerlechem Numm geheescht huet, doheem gestuerwen. D'Doudesursaach ass deemno awer nach net bekannt.

De Sänger Shifty Shellshock ass an de Joren no "Butterfly" ëmmer nees wéinst senger Ofhängegkeet an d'Schlagzeile geroden. Hie huet och an enger Rei Reality-TV-Shows deelgeholl, an deenen hie probéiert huet, seng Sucht opzeginn.

"Butterfly" ass mam "Macarena", "Barbie Girl" oder och nach dem "Mambo No. 5" ee vun de bekanntsten One-Hit-Wonder aus der Zäit. D'Band Crazy Town konnt ni méi un den éischten Erfolleg uknäppen, och wa si duerno iwwer d'Joren nach aner Albe verëffentlecht hunn.