De Samuel Hamen krut de Servais-Präis iwwerreecht
Um Dënschdeg den Owend ass am Literaturzenter zu Miersch de Servais-Präis iwwerreecht ginn.
De Samuel Hamen gouf do fir säi Roman "Wie die Fliegen" ausgezeechent, deen 2023 bei Diaphanes publizéiert gouf. Am Roman geet et ëm en Detektiv, deen an enger Stad, déi duerch Klimawandel, Aartestierwen an ekologesch Trauer gepräägt ass, no engem vermëssten Teenager sicht.
U sech gouf dem Samuel Hamen säin Text domat schonn eng zweete Kéier ausgezeechent: Fir d'Romanmanuskript mam Titel "I.L.E" gouf hien 2019 mam 1. Präis am Nationale Literaturconcours belount. Dëst Manuskript, dat op Lëtzebuergesch geschriwwe war, huet hien dann iwwerschafft an an d'Däitscht iwwerdroen. Doraus ass "Wie de Fliegen" ginn, e Roman deen net nëmmen duerch seng sproochlech Prezisioun bestécht, mä och, wéi den Tonio Schachinger et a senger Laudatio ervirgehuewen huet, duerch seng Emotionalitéit.
D'Jury vum Prix Servais schreift an hirer Begrënnung: "Indem der Text mit den Genremustern des Kriminalromans und narrativen Uneindeutigkeiten spielt, macht er die Leser:innen zu ratlosen Kompliz:innen, die bei wiederholter Lektüre immer neue Aspekte einer fragilen, dystopischen Welt entdecken können. Dabei gelingt es Hamen, aktuelle Diskurse mit philosophischen Überlegungen zu verknüpfen und eine atmosphärisch dichte, ästhetisch anspruchsvolle und zugleich spannende Erzählung zu entwickeln."
A senger Dankesried huet de Samuel Hamen erzielt, wéi hie bei engem Familljebesuch am Norde vun Däitschland den Uruff vun der Fondation Servais krut. Dat gouf natierlech gefeiert an am Laf vum Owend koum et zu enger Begéinung, bei där hie vun enger Ballonsfaart matzen an der Nuecht erzielt krut. Dëst Bild huet sech bei him festgesat, den däischteren Nuetshimmel, an deem ganz onerwaart d'Feier vum Ballon glënnert. E Bild, dat een och a sengem Schreiwen erëmfënnt, oder wéi de Samuel Hamen et selwer ausdréckt: "Eine Stimmung schaffen, die die Schwärze benötigt um ein Glimmern zu erschaffen."
De Jury vum Servais Präis 2024 huet aus dem Simone Beck, Fabienne Gilbertz, Ludivine Jehin, Odile Linden, Henning Marmulla, Alex Reuter, Shari Schenten an Aimée Schultz bestanen. President vum Jury ass de Sébastian Thiltges.
De Präis gouf iwwerreecht vum Emmanuel Servais, dem President vun der Fondation Servais.
Den Tonio Schachinger, Gewënner vum däitsche Buchpräis 2023, huet d’Laudatio gehalen.
Laureaten zanter 1992
1992 : MANDERSCHEID Roger
1993 : GREISCH Pol
1994 : PORTANTE Jean
1995 : KOHNEN Joseph (Prix spécial)
1996 : JACOBY Lex
1997 : STECKEL Margret
1998 : ENSCH José
1999 : HOSCHEIT Jhemp
2000 : SCHMOETTEN Pol
2001 : HARSCH Roland
2002 : HELMINGER Guy
2003 : SORRENTE Jean
2004 : MUNO Claudine
2005 : JACOBS Jean-Paul
2006 : REWENIG Guy
2007 : SCHLECHTER Lambert
2008 : KOLTZ Anise
2009 : SAX Pol
2010 : REWENIG Guy (Tania Naskandy)
2011 : KRIER Jean
2012 : ORTLIEB Gilles
2013 : GREISCH Pol
2014 : HELMINGER Nico
2015 : MEYER Roland
2016 : PORTANTE Jean
2017 : WAGENER Nora
2018 : HELMINGER Nico
2019 : SCHMIT Elise
2020 : KIRPS Francis
2021 : BAIL Ulrike
2022 : HELMINGER Guy
2023 : QUIQUERET Jérôme
2024 : HAMEN Samuel
Podcast Lecture vun heiheem iwwer "Wie die Fliegen" vum Samuel Hamen
den 10te Juli liest den Tonio Schachinger aus sengem Roman "Echtzeitalter"