Déi jonk, talentéiert Musekerin Birdy huet e Méindeg den Owend an engem wonnerschéine Setting am Amphitheater virum Schlass zu Wolz iwwerzeegt.

D'Ausgankssituatioun fir de Concert e Méindeg den Owend um Wëlzer Festival war net ideal. D'Wiederprevisiounen haten heftege Reen a Stuerm virausgesot an d'Organisateure bis op déi lescht Minutt ziddere gedoen. Wéi déi 28 Joer jonk Musekerin an hir Band bis op der Bün stoungen, huet een dat ronderëm awer iergendwéi op natierlech Manéier ausgeblent. Wou kuerz virum Enn vum Concert eng Schauer erof koum, war de Public souwisou schonn an eng aner Welt agedaucht.

D'Singer-Songwriterin aus Groussbritannien konnt net just mat hire wuel bekanntste Lidder iwwerzeegen. Si huet vun Ufank bis Schluss, annerhallef Stonn laang e wierklech souveränen Optrëtt zu Wolz duergeluecht, bei deem all Nout souz an een heiansdo just staune konnt, wann aus der renger Sängerin net just hir douce, mee deels immens kraaftvoll Téin eraus kommen.

Ob eleng um Piano oder ënnerstëtzt vun enger fënnef-käppeger Band, mat eegene Lidder oder Coveren, konnt d'Birdy de Lëtzebuerger Public op en Neits iwwerzeegen. De Kader vum Wëlzer Festival an déi speziell Ambiance dovunner hunn dat Ganzt nach weider ënnerstrach.

Birdy - People Help The People

Fir déi Leit, déi nach vum Festival profitéiere wëllen, kënnen dat iwwregens de Freideg, 19. Juli. Altin Gün, e Kollektiv vun Amsterdam huelen de Public da mat op eng Rees tëscht psychedeleschem Rock, Deep Funk, Synthpop a kosmeschem Reggae. Avis aux amateurs!