Kultfilm gëtt de 6. Juni am Passepartout gewisenDe Film "Roger" ass am Kader vum Kulturjoer 1995 entstanen

Patricia Baum
E weist e Portrait vun engem Mann, deen um Rand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft lieft
Hien ass Lëtzebuerger Kult ginn: de Roger
D'Realisatrice Geneviève Mersch erzielt a weiengem Kontext de Kuerzfilm entstanen ass an weivill dovunner geskript war.

De Film "Roger" ass am Kader vum Kulturjoer 1995 entstanen a weist e Portrait vun engem Mann, deen um Rand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft lieft. E Mann mat villen, deels total géigesätzleche Facetten. De Film mat Kultstatus ass deemools och op internationale Filmfestivalle gelaf.

D'Realisatrice Geneviève Mersch gëtt e puer Erklärungen zum Film, well de 6. Juni kann een de Kuerzfilm am Kader vum Passepartout gesinn. Mat der neier Rubrik "Kuerz a knackeg" gëtt all Woch e Lëtzebuerger Kuerzfilm gewisen.

Back to Top
CIM LOGO