
Déi lëtzebuergesch Architekten-Firma STDM hat de Pavillon fir d'Weltausstellung 205 zu Osaka extra esou entworf, datt verschidde Stécker an technesch Systemer dovun duerno nach kënne weider benotzt ginn. D'Gebai war aus japaneschem Material designt ginn, fir duerno kënnen ausenee geholl ze ginn, ganz am Sënn vun der zirkulärer Ekonomie. No der Expo war de Lëtzebuerger Pavillon als deen nohaltegste vun der Weltausstellung ausgezeechent ginn.

Verschidde Bëtongsbléck vun der Fondatioun ginn entremps zu Kobe an der Präfektur Hyogo an engem Fräizäitpark benotzt, fir d'Rëtsche vun Äerdmassen ze verhënneren. 220 där Bléck erginn zesummen eng 150 Meter laang Gallerie mam Numm "Expo 2025 Legacy Wall "The Loop".
Donieft waren Deeler vum liichte Membran-Daach zu Osaka verschafft ginn als Accessoiren a waasserdicht Poschen, déi ee scho wärend der Expo 2025 virbestelle konnt.