En Dënschdegowend war e weideren Open-Air-Concert vum Atelier. D'franséisch Band Air konnt vill Fans begeeschteren.

Déi franséisch Elektro-Pop Band Air ass am Joer 1995 vum Nicolas Godin an dem Jean-Benoît Dunckel gegrënnt ginn. Si si bekannt fir hir avantgardistesch Musek, déi Elementer vu Pop a klassescher Musek kombinéiert. Hiren éischten Album, “Moon Safari”, gouf 1998 verëffentlecht a war en internationale Succès. Mat Hits wéi "Sexy Boy" a "Kelly Watch the Stars", ass d'Band weltbekannt ginn. Si hunn och Filmmusek produzéiert, ënner anerem fir den amerikanesche Film "The Virgin Suicides".

Am Stëmmungsbild kann ee verschidde Lidder vum Concert nach emol lauschteren an héieren, wat d'Fans esou nom Concert soten.

Air an der Abtei Neimënster
Video: Tom Zeimet a Violetta Caldarelli