"Peace Out: The Farewell Tour", sou sollt eigentlech déi lescht Concertstour vun Aerosmith heeschen. Ma déi gouf fréizäiteg ofgebrach.

D'Ofschlosstournee stoung ënnert kengem gudde Stär. Verschidde Concerte waren ofgesot an op September 2024 verréckelt ginn, well de Frontmann Steven Tyler wéinst Problemer mat de Stëmmbänner net huet dierfe sangen.

Zu de Concerten am Hierscht wäert et awer elo net méi kommen, wéi d'Band op Instagram matgedeelt huet. De Steven Tyler hätt alles probéiert, fir seng Stëmm, an deemno säi Instrument nees fit ze kréien. Ma dat wier awer net méi méiglech. Deemno hätt een de schwéieren Entschloss getraff, net méi als Band op d'Büne vun dëser Welt zeréck ze kommen.

Si soen hire Fans e grousse Merci fir déi Joerzéngtelaang Ënnerstëtzung.

"Play our music loud, now and always.  Dream On. You’ve made our dreams come true."