Et ass eng éischter ongewéinlech Fotosausstellung um Site vun de Rotonden an dat am Kader vun de Congés Annulés.

Mam Titel "Les Voyeuses" si Fotoen aus der Stater Fotothéik vu vereenzelte Kënschtler nei interpretéiert ginn. Ma gewise gi se awer net am traditionelle Sënn, mee op eng méi spilleresch Manéier.

Op 12 historesche Fotoen vun 1944 bis an d’1960er Joren eran hunn 12 national an international Kënschtler hire kreativen Ofdrock hannerlooss. Néng Fotoe sinn um Parvis vun de Rotondë verdeelt an dräi ronderëm de Site. Ma d’Wierker kuckt een hei awer mat aneren Aen an anere Mëttelen. De Marc Scozzai, Programmateur Rotondes.

"D’Iddi war do eben eng Fotosausstellung ze maachen, mat deenen historesche Fotoe vun de Rotonden an deenen Interventioune vun den Artisten op deene Fotoen. Awer op eng e bëssen onerwaarten an nei Manéier. Dat heescht d’Fotoe si lo net erausgeprint an opgehaangen, mee eben accessibel, andeems datt een an déi Maschinne kuckt." 

All dokumentaresch Foto vun ënner anerem dem Tony Krier, Pol Aschmann oder dem Edouard Kutter krute mat sechs kënschtlereschen Interventiounen en neie Kontext. Fir d’Dispositiffen ze personifizéieren, hunn d’Rotonden den Titel "Les Voyeuses" erausgesicht. Duerch dës Voyeuse kritt een dann en neie Bléckwénkel op d’Gebaier an op déi historesch Fotoen.

"Et kuckt een duerch e klenge Schlitz an op der Säit ass en Dispositif, wann een do dréit, da kann ee vun enger Foto an déi aner hin an hier switchen. Dat heescht déi éischt Foto, déi ee gesäit ass d’historesch Foto, déi viru 60, 70, 80 Joer hei um Site vun de Rotondë geholl ginn ass. Déi Dispositiffe stinn och ganz genau op deem Point de vue, deen de Fotograf viru 60 Joer ageholl huet, fir déi Foto ze huelen."

All Kënschtler huet seng eegen Technik, fir d’Foto nei ze gestalten. Vun Illustratiounen, Collagen, Decoupen, Print-Techniken oder anere graphesche Mëttel hu se sech mat den Archivfotoe vun de Rotonden auserneegesat. 

"Dat heescht, dat ass wierklech ganz verschidden. Dat klappt och elo relativ gutt, well mer probéiert hunn, sou vun all Typ vun Artisten zwee bis dräi ze hunn, sou dass mer lo bei deenen 12, wou op de Fotoe geschafft hunn, wierklech déi ganz Bandbreet vun der graphescher Ästheetik dran hunn."

Ma wiem dat awer nach net duer geet, kann sech am Rotondo mat zerwéieren. Hei kritt een déi ënnerschiddlech Fotoen a Form vu Postkaarten. Nach bis den 21. August kann een um Parvis vun de Rotonden duerch d’Voyeusë luussen a vun de live Concerte vun de Congés Annulés profitéieren.