Franséiche Presentateur Patrice Laffont am Alter vu 84 Joer gestuerwen

© GERARD JULIEN / AFP
Bis an d'90er an 2000er Jore war de Patrice Laffont op der franséischer Tëlee allgéigewäerteg. Elo ass hien am Alter vu 84 Joer verstuerwen.
Wéi France Bleu mellt, soll de fréiere Presentateur vun den Emissiounen "Des chiffres et des lettres", "Fort Boyard" a "Pyramide" a sengem Doheem zu Oppède am Département Vaucluse un engem Häerzkreeslaf-Problem gestuerwe sinn.
Déi franséisch Kulturministesch Rachida Dati huet dem Comédien an Animateur säin Doud dëse Mëttwoch op X confirméiert a senger Famill hiert Bäileed ausgedréckt.
Dem Patrice Laffont seng Karriär huet an de 60er Jore mat klenge Filmrollen ugefaangen, ënnert anerem a Klassiker wéi "Le gendarme de Saint-Tropez" vum Jean Girault. Gläichzäiteg huet hien och ugefaangen, Musek ze schreiwen, an huet an deem Kader ënnert anerem mam Michel Sardou zesummegeschafft.
Tëscht 1972 an 1989 huet hien un der Emissioun "Des chiffres et des lettres" geschafft. Duerno war fir de Presentateur nach laang net Schluss: an den 90er Joren huet hien nieft "Fort Boyard" och d'Show "Pyramide" presentéiert. De beléifte Presentateur war awer och net komplett onëmstridden. Him goufen ëmmer mol nees Sexismus a Rassismus virgeworf.