Oasis plangt wuel eng Rei Optrëtter an England

© ROLF VENNENBERND DPAdpa Picture-Alliance via AFP
D'Gebridder Liam an Noel Gallagher, déi d'Käpp vun der Band duerstellen an zënter Joren zerstridde sinn, hunn elo Rumeuren opflame gelooss, déi de Fans Hoffnung dierfte ginn.
Fir d'Fans vun der brittescher Rockband "Oasis", déi jo bekannt sinn fir de Welthit "Wonderwall", oder Lidder wéi "Don't Look Back In Anger" a "Champagne Supernova", dierft et Grond ginn, Hoffnung ze hunn, dass d'Band sech nees zesummendeet, fir nees live opzetrieden. Dat 15 Joer nom leschte Concert vun der Band.
Déi zwee Bridder Liam an Noel Gallagher si jo bekannt dofir gewiescht, hir Streidereien, där et der ëmmer nees gouf, och mol virun de Kulissen, dacks souguer op der Bün, auszedroen. A sou war et och beim leschten Optrëtt vun Oasis am Joer 2009, um "Rock en Seine"-Festival zu Paräis. Hei huet de Liam dem Noel seng Guitar op der Bün no enger Ausernanersetzung zerstéiert. Zënter deem Dag huet d'Band net méi zesumme gespillt, och wann déi zwee ëmmer nees Solo optrieden, fir hir Hits vun deemools zum beschten ze ginn.
Wéi brittesch Medien, wéi zum Beispill d'Sunday Times, mellen, soll eng Serie vu Concerten zu London an zu Manchester geplangt sinn, dat fir de Summer 2025. Hei gëtt sech op Insider aus der Museksindustrie gestäipt, heescht et weider. Rumeure besoen, dass 10 Datumer am Wembley Stadium zu London gebucht goufen an dass d'Band méiglechen Headliner um weltbekannte Glastonbury-Festival soll sinn.
Op X huet d'Band dann och um offiziellen Account wësse gedoen, dass en Dënschdeg, 27. August, eng Annonce gemaach wäert ginn, dat a Form vun engem mysteriéise Video.
De Liam Gallagher huet och mat sengem offiziellen Account op X ënnert den Artikel vun der Sunday Times mat "Mir gesinn eis vir bei der Bün" oder "ech hat nach ni d'Wuert 'fréier' gär" kommentéiert. Ma och soss, beispillsweis op Solo-Concerten vun deenen zwee Bridder oder wärend Interviewen, goufen et ëmmer nees Undeitungen fir eng Reunion vun Oasis.