Bei op d'mannst engem Walkampf-Evenement vum Ex-President soll d'Musik vun ABBA gespillt gi sinn.

D'Plattefirma Universal Music a Schweeden hätt déi Responsabel dowéinst elo opgefuerdert, dëst net méi ze maachen. Si wieren net ëm Erlabnes gefrot ginn, heescht et an enger Erklärung.

Nieft ABBA krut den Donald Trump an der Vergaangenheet scho vun enger Rei anere Museker ënnersot, hir Musek op Evenementer ze notzen, dorënner vum Bruce Springsteen, Neil Young, Celine Dion an de Rolling Stones.