Wärend der Halbzeit-Show
US-Rapper Kendrick Lamar trëtt beim Super Bowl 2025 op

© AFP/Archiv/Yuki IWAMURA
Dat huet de Rapper an de sozialen Netzwierker matgedeelt. D'Finall vun der American-Football-Liga gëtt den 9. Februar 2025 zu New Orleans gespillt.
De Super Bowl ass dat wuel gréisst Sportsevenement an den USA. De Concert, deen traditionell an der Paus gespillt gëtt, gëllt allerdéngs als den Highlight. D'Rolling Stones, Prince, Bruce Springsteen, Rihanna, Madonna oder och Michael Jackson stoungen an deem Kontext an der Vergaangenheet op der Bün.
Fir de Kendrick Lamar ass et net den éischte Super-Bowl-Optrëtt: 2022 war hien zesumme mat de Rapper Snoop Dogg, Dr. Dre, Eminem a 50 Cent opgetrueden. Eng Gage kréien d'Museker fir hir Show net.
Am meeschte gelies