De Weekend ass zu Venedeg d'Mostra op en Enn gaangen. Dëse Filmfestival zielt zu de bedeitendsten op der Welt.

Bei dëser 81. Editioun waren och Lëtzebuerger Co-Produktioune mat derbäi. Zwou vun hinne krute souguer e Präis. Och déi groussherzoglech Koppel an de Kulturminister si fir de Festival op Venedeg komm, fir d‘Lëtzebuerger aus dësem Secteur ze ënnerstëtzen. Mir ware bei de wichtegste Lëtzebuerger Momenter um Festival derbäi.