Am RTL-Interview erzielt hien, wisou e gär op Lëtzebuerg kënnt
De Samu Haber war um Freidegowend fir den Optakt vu senger aktueller Tour am Atelier.
Bekannt gouf de finnesche Sänger a Songwriter duerch seng Band Sunrise Avenue. Als Frontmann vun der Pop-Rock-Band, déi hie mat sengem Frënd Jan Hohenthal 1992 gegrënnt huet, huet hie grouss Concertshalen a Stadie gefëllt. Sunrise Avenue huet fënnef Studioalben erausbruecht.
No der Opléisung vun der Band huet de Samu Haber eng Solo-Karriär ugefaangen an huet Songs wéi “Enkelten kaupunki” an “Sä” verëffentlecht.
Am Interview mam Fabienne Zwally huet hien erkläert, dass et kee groussen Ënnerscheed mécht, ob ee mat enger Band oder als Solo-Kënschtler ënnerwee ass. Den Afloss vun der Band géif een och haut nach op der Bün gesinn
Et ass net déi éischte Kéier, wou hien zu Lëtzebuerg op enger Bün steet. Besonnesch huet hie sech driwwer gefreet, dass den éischte Concert vu senger Tour am Atelier ass.
Villen ass hien och als Coach bei “The Voice of Germany” bekannt, och iwwer dës Erfarung erzielt hien am Interview. De ganzen Interview mat Biller vum Concert weise mer e Méindeg am Magazin.