Bis Enn November ass zu Venedeg déi 60. Editioun vun der Biennale fir zäitgenëssesch Konscht.

Dës grouss international Ausstellung  weist d'Wierker vu méi wéi 300 Kënschtler an dëst op 87 Pavillone verdeelt, esou och de Lëtzebuergesche Pavillon. E Grond  fir eis groussherzoglech Koppel, fir sech dat méi genee unzekucken. All d'Kënschtler drécken hir Panoplie vu Stëmmen a kënschtleresche Reflexiounen iwwert d'Welt vun haut aus. Hir zäitgenëssesch Kreatioune sinn nach bis de 24.November ze bewonneren.

Déi nächst Konscht-Biennale ass 2026 nees zu Venedeg, eng Stad vu Konscht a Geschicht zesummekënnt an eng Plaz fir kënschtleresch Experimenter, déi sech op haut an d'Zukunft konzentréieren.