Lëtzebuerger Konschtpräis fir en Aktivist, dee moolt
Mëtt Oktober gouf de Kënschtler Marc Henri Reckinger fir säi Liewenswierk posthum mam Lëtzebuerger Konschtpräis 2024 ausgezeechent.
De Moler huet zur där Generatioun vu Kënschtler gehéiert, déi an de 60er a 70er Jore fir den Opbroch vun der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg gesuergt haten. Eng grouss Expo am Nationalmusée an an den Diddelenger Konschtzentre beliicht déi verschidde Facette vu sengem Schafen.
De Marc Henri Reckinger war en Aktivist, dee gemoolt huet. Detailléiert an direkt huet hie mam Pinsel d'Mëssstänn an d'Ongerechtegkeeten an der Welt ugeprangert a sou seng Matmënschen zum Nodenken an Agéieren opgefuerdert. E roude Fuedem, dee sech sou och duerch d'Ausstellung am Nationalmusée zitt.
Kubismus, Pop Art, Hard Edge, Konzeptkonscht
Vu senge kënschtlereschen Ufäng bis zum Schluss, hat de Marc Henri Reckinger mat deene verschiddensten Ausdrocksformen experimentéiert. An och déi Evolutioun hat ëmmer eng politesch Dimensioun.
Am Süde vum Land, an der Galerie Dominique Lang zu Diddeleng kann een dem Moler seng national- a kulturpolitesch Wierker entdecken.
A der Galerie Nei Liicht kritt een dann en intimen Abléck am Marc Henri Reckinger säi Privatliewen. Dat duerch Wierker, déi seng Léift zur Famill a seng Leidenschaft fir den Enseignement weisen, awer och Molerei, déi sech mam Afloss vum 2. Weltkrich op säi Liewen auserneesetzen.
D'Ausstellung "Marc Henri Reckinger - Lëtzebuerger Konschtpräis 2024" leeft nach bis de 16. Mäerz 2025.
Passend dozou bidden den Nationalmusée um Fëschmaart an d'Kulturzentren Nei Liicht an Dominique Lang déi nächst Méint iwwer verschidden Aktivitéiten un – vu Visitten iwwer Atelieren an eng Table ronde, bis hin zu engem Jazz-Concert.
Informatiounen heizou fannt Dir op www.nationalmusee.lu an op www.galeries-dudelange.lu