Präis fir eng méi egalitär Gesellschaft
Prix Anne Beffort geet un "Taboo" a "Les Voix des Survivant(e)s"

© VDL / Photothèque / Charles Soubry
Zanter 2003 vergëtt d'Stad Lëtzebuerg dëse Präis all Joer fir de besonneschen Engagement a Saache Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra.
De Präis ka souwuel un eng Persoun, wéi och un eng Associatioun oder e Grupp goen.
Dëst Joer hunn d'Stater Buergermeeschtesch an de Schäfferot de Präis, dee mat 3.000 Euro dotéiert ass, un d'Asblen "Taboo" a "Les Voix des Survivant(e)s" verginn. Bei der Präisiwwerreechung an der Stater Gemeng waren d'Presidentinne vun "Taboo" an "Les Voix des Survivant(e)s" present, d'Anne Metzler an d'Ana Pinto, fir d'Éierung unzehuelen.
Am meeschte gelies