De Jemp Schuster ass als ee vun de populäersten Theatermänner am Land net nëmmen agefleeschten Theaterinsider e Begrëff. "Mämmories" ass dat drëtt Stéck, dat hie fir seng Fra, d'Michèle Turpel, geschriwwen huet.

No "Croque Mëssiö" an "Autopsy" ass "Mämmories" déi drëtt Produktioun, déi d'Koppel zesummen op d'Bee stellt.
D'Stéck selwer huet och e perséinlechen Hannergrond: "Mämmories" kuckt zeréck op 40 Joer Bünenerfarung, dat awer mat enger Mëschung tëscht Realitéit a Fiktioun.

Déi Personnagen, déi hei ugeschwat ginn, oder déi Situatiounen, déi hatt eis beschreift, musse net alleguer wouer gewiescht sinn. Et kann ee soen ‘hatt spënnt elo, et huet dat doten erfonnt, déi Personnagen hu ni mat him zesumme gespillt’. Et kann awer sinn! An dat loosse mir och op, an dat ass einfach déi Form vu Spill, déi et flott mécht, dass een heiansdo kann en A zoudrécken a soen ‘ok gutt, komm ech muss dir dat doten elo net gleewe, mee et ass gutt erfonnt’,“ seet de Jemp Schuster.

Mat wéi ass et eigentlech wann een als bestuede Koppel zesummeschafft?

"Dat ass ganz flott! Mir kréien dat och richteg gutt getrennt. Mir prouwen doheem an engem grousse Raum, dee mir hunn. A wa geprouft gëtt, gëtt geprouft zwou, dräi Stonnen, an duerno beim Mëttesdësch si mir privat. Dat geet", esou d'Michèle Turpel.

Datt déi zwee sech gutt kennen huet och konkret Virdeeler fir den Theater.

"Ech passe beim Schreiwe schonn op. Do weess ech hoergenee wat d'Mich drop huet, wat et kann, wou seng Stäerkte sinn. An déi schaffen ech dann natierlech eraus." ,erkläert de Jemp Schuster.

"Ech sinn einfach frou, dass ech d’Chance a mengem Liewen hunn, dem Jemp Schuster begéint ze sinn an och déi Chance ze hunn, datt hie mir virun 15, 14 Joer gesot huet: Ech schreiwen dir e Solo. Do hunn ech nach geduecht: Oh nee, Solo! A Mëttlerweil ass et deen drëtten an et passt bei mech. Et ass dat, wat ech ëmmer wollt maachen an ech si frou, dass ech déi Chance a mengem Liewe kritt hunn.", sou nach seng Fra d'Michèle Turpel.

Vum 9. Januar un ass "Mämmories" nees op Tournée duerch d’Land.

RTL

En Iwwerbléck iwwer alleguer d'Datumer vun der "Mämmories"-Tournée 2025

RTL