An der Konschthal zu Esch kann een am Moment eng Ausstellung vum Vera Kox kucken. Déi däitsch-lëtzebuergesch Sculptrice weist virun allem Objeten aus Keramik, déi d'Zesummespill tëschent der Ëmwelt a verschiddene Liewensformen op der Äerd weise sollen.

Vu Keramik-Skulpturen déi schwiewen iwwer Objeten aus Glas bis hin zu Aquarien an engem Teppech aus Moos, ass an der Ausstellung vum Vera Kox alles dobäi. Unhand vun engem Video mat Opnamen, déi d’Kënschtlerin zum Deel selwer wärend Reesen a Residenze gemaach huet, gëtt de Visiteure gewisen, dass d’Welt an hire Wandel eng wichteg Inspiratiounsquell fir si sinn.

Wéi den Titel vun der Ausstellung, Sentient Soil, also de bewosste Buedem, et undeit, weisen dem Vera Kox seng Installatiounen op ekologesch Problemer, wéi zum Beispill de Klimawandel hin a probéieren op méi en eenheetlecht Liewen tëschent dem Mënsch an der Ëmwelt hinzeweisen.

Nieft dem staarke Message, dee sech duerch déi ganz Ausstellung zitt, sinn der Kënschtlerin hir Wierker awer och technesch ganz interessant. Esou gesäit een zum Beispill an engem Sall, deen um Vera Kox senger Residenz a Mexiko inspiréiert ass, Skulpturen, déi un engem Gerëscht aus Metall hänken a bei deenen de Keramik zesumme mam Metall an den Uewe koum.

Ze kucke ginn et dem Vera Kox seng Skulpturen nach bis den 19. Januar an der Konschthal zu Esch.