"The Things We Carry" vum Julie Wagener
D'Villa Vauban weist zur Zäit eng Ausstellung vum Julie Wagener mam Titel "The Things We Carry".
Ze gesi gëtt et hei eng gesellschaftskritesch Ausstellung, déi sech mat Theme wéi Konsum oder Politik beschäftegt a Parallellen tëschent der Vergaangenheet an haut zitt. Gewise ginn d'Wierker vum Julie Wagener zesumme mat enger Rei Gravuren aus der Villa Vauban hirer Privatsammlung.
D'Julie Wagener beschäftegt sech ëmmer erëm mat sozioekonomeschen Themen a probéiert, dës an hirer Konscht ze reflektéieren. Deementspriechend kritt een elo an der Villa Vauban fënnef nei Serigraphië gewisen, déi sech mat gängege gesellschaftleche Problemer auserneesetzen.
D'Gravuren, déi nieft der Kënschtlerin hire Serigraphien hänken, stamen aus enger Sammlung vu ronn 1.000 Wierker aus dem 16. bis 20. Joerhonnert, déi d’Villa Vauban 2020 kaaft huet a reegelméisseg an Ausstellungen integréiert.
D'Julie Wagener hat d'Méiglechkeet, aus dëser Sammlung Wierker mat änlechen Thematike wéi seng eege Konscht auszewielen a passend dozou nei Serigraphien ze kreéieren, déi am Dialog mat de Gravure stoe sollen. Esou gi Parallellen tëschent fréieren an der haiteger Gesellschaft gezunn.
Nach bis de 16. Mäerz kann een der Julie Wagener hir Wierker an d'Villa Vauban kucke goen.