Eng Ausstellung mat Fokus op d'Liewe vu Sans-Abrien
D’Ausstellung "Who’s Next?" presentéiert dem Public am Kulturzenter Neimënster verschidde Perspektiven op d'Obdachlosegkeet a weist och Léisungsusätz.
Hei handelt et sech ëm eng Zesummenaarbecht tëscht dem Architektur-Musée vun der Technescher Universitéit München an der Lëtzebuerger Asbl Inter-Actions.
“Who’s Next? – Obdachlosegkeet, Architektur an d’Stad” heescht d’Expo, déi Obdachlosegkeet net als individuell Tragedie, ma als gesellschaftleche Problem presentéiert, fir deen et systemesch Léisunge brauch. Den Haaptfokus läit hei op der Fro, wéi verschidden architektonesch Konzepter d’Liewe vu Sans-Abrise verbesseren an hinne reell Chancë fir en Neistart erméigleche kënnen. Beispiller vu konkrete Projeten, déi am Ausland ëmgesat goufen, ginn Äntwerten.
Nieft deem internationalen, léisungsorientéierten Deel, huet d’Expo awer och een emotionale Lëtzebuerger Volet. “Street Dreams Are Made Of This” heescht de Projet, mat deem de Fotograf Marc Wilwert an de Journalist Ricardo Rodrigues déi ganz perséinlech Dreem vu Sans-Abrise weisen, déi op de Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg liewen.
Déi Onsiichtbar vun eiser Gesellschaft siichtbar maachen, Hoffnung a Motivatioun opkomme loossen – dorëms geet et bei " Who’s Next? ". Ma d’Ausstellung soll och e Bewosstsinn dofir schafe, dass d’Obdachlosegkeet jiddereen treffe kann.
Nach bis den 2. Februar kann ee sech d’Expo am Neimënster ukucken.