Golden GlobesFilm "Emilia Perez" krut véier Auszeechnungen, esou wéi och d'Serie "Shogun"

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg goufen zu Hollywood mat déi wichtegst Präisser fir Film- a Fernseeproduktiounen an den USA verginn.
D'Acteure vun
D’Acteure vun
© Photo by Robyn BECK / AFP

Golden Globes 2025 / Reportage Marie Gales

De Film “The Brutalist” vum Regisseur Brady Corbet gouf direkt e puer Mol priméiert. Den Haaptacteur Adrien Brody ënnert anerem als beschten Drama-Schauspiller oder fir d’Wierk selwer als beschten Drama-Productioun.

De Musical-Thriller “Emilia Perez” huet an der Kategorie vun der beschter Komedie gewonnen an ass gläichzäiteg och beschten net-englesche Film.

D’Demi Moore (fir “The Substance”) an de Sebastian Stan (fir “A Different Man”) kruten e Golden Globe als Haaptacteuren an der Komedie-Kategorie, wärend d’Fernanda Torres fir de Film “I’m Still Here” als beschten Drama-Actrice belount gouf.

Déi brasilianesch Actrice Fernanda Torres mat hirem Golden Globe fir beschten Actrice am Drama-Film
Déi brasilianesch Actrice Fernanda Torres mat hirem Golden Globe fir beschten Actrice am Drama-Film
© Photo by Robyn BECK / AFP

Beschten Nieweschauspiller fir Filmer sinn un de Kieran Culkin (“A Real Pain”) an d’Zoe Saldana (“Emilia Perez”) gaangen, wärend dëse Präis bei den TV-Serien un den Tadanobu Asano (“Shogun”) an d’Jessica Gunning (“Baby Reindeer”) goungen.

Déi meeschte Präisser an der Kategorie Film ass un “Emilia Perez” gaangen, dat mat véier Golden Globes bei 10 Nominatiounen, “The Brutalist” krut ëmmerhin nach dräi Präisser. Bei de Serië war “Shogun” véier Mol nominéiert a konnt an all deene Kategorien de Präis och mat Heem huelen. D’Lëtzebuerger Co-Produktioun “All We Imagine as Light” krut kee Präis, dat bei zwou Nominatiounen.

Fannt hei de kompletten Iwwerbléck vun all den Nominéierten an all de Gewënner

Back to Top
CIM LOGO