Konscht am ëffentlechen Transport zu London feiert 25 Joer

© ALBERTO PEZZALI NurPhotoNurPhoto via AFP
Wou et ëffentlechen Transport gëtt, gëtt et och alt Konscht, op d'mannst an der brittescher Haaptstad. Dës Konscht ka verschidde Formen unhuelen: do geet et vu Reklamme bis hin zu Ausstellungen.
D’Konscht am ëffentlechen Transport zu London feiert elo 25 Joer. Wéi all Joer gëtt den Anniversaire mat enger ausgefalener Aktioun zelebréiert.
De leschte Weekend war warscheinlech deen een oder aneren iwwerrascht, wéi en de Metro zu London geholl huet, wéinst der Aktioun “No Trousers Tube”. E Sonndeg waren d’Leit invitéiert, ouni Box an de Metro ze klammen. Dës Aktioun gëtt et all Joer, se soll de Leit Freed bréngen awer och e bëssi fir Duerchernee suergen.
Dës Woch sinn d’Leit awer rëm ganz normal ugedoen am Underground ënnerwee, ma et gëtt eng weider Serie un Evenementer ënnert dem Buedem vu London ze feieren. "Art on the Underground" heescht de Slogan vum 25. Anniversaire vun der Konscht am ëffentlechen Transport zu London. Konscht am ëffentleche Raum ze promouvéieren, läit den Organisateuren um Häerz. Iwwer dat lescht Véierelsjoerhonnert goufen et sou munch Ausstellungen an de verschiddene Metrosstatiounen an der brittescher Haaptstad.
Am Joer 2000 huet de Projet ugefaangen, deemools bekannt ënnert dem Numm “Platform for Art”. De Projet “Underground Safari” war op der Gloucester Road Station ze bestaunen. Op der Expo goufe verschidde plastesch Déiere gewisen, déi een normalerweis op Safarie gesäit.
2005 gouf et de Sujet “Peace and Love”. Dee sollt op d’Architektur vun der Statioun opmierksam maachen. Zwee Joer drop gouf du fir den 100. Anniversaire vun der Picadilly line, ee ganze Metro an e Konschtwierk verwandelt, andeems dee mat enger Folie agepaakt gouf.
Zanter 2008 ass de Projet ausgebaut ginn op méi Statiounen, doduerch dann och de Wiessel am Numm zu “Art on the Underground”. Fir dass méi Leit vun deem Projet matkréien, gouf 2009 e Carnet mat diverse Spréch agefouert, fir d’Operateure vum Metro. Nieft de Standard-Annoncen, konnte si Gebrauch maache vu Spréch aus dem Bichelchen an d’Leit am Metro iwwerrasche mat sougenannte "Quotes".
Fir dat neit Joer si wieder flott Projete geplangt.