Et brauch méi Mécher a Reparateure vu Blechblosinstrumenter, sou den Thomas Vervloessem
2015 huet hien zesumme mat senger Partnerin en eegenen Atelier zu Péiteng opgemaach.
Verfierwungen opléisen, Téitschen eraushuelen a Schrauwen austauschen, dat gehéiert zum Instrumentereparateur sengem Alldag. D'Baue vun Instrumenter ëmmer manner.
Den Thomas Vervloessem kënnt aus enger Famill vu Museker. Mat 15 Joer huet hien e Stage an engem Atelier gemaach, deen Instrumenter reparéiert huet, an huet esou seng Passioun entdeckt.
"Je n’ai aucune idée, d'où je vais chercher cette patience, cette discipline, car dans d’autres domaines de ma vie, je ne l’applique pas du tout", sou den Thomas Vervloessem.
2015 huet hien zesumme mat senger Partnerin en eegenen Atelier zu Péiteng opgemaach. Déi meescht Instrumentereparateure géifen e bësse vun Allem ubidden, si hätten awer decidéiert, sech ze spezialiséieren: Hien op Blechblos- a si op Holzblosinstrumenter.
An der Theorie kann een all Instrument komplett op der Hand hierstellen, ma an der Praxis maache Konstruktioune just 10% vun hirer Aarbecht aus, de Gros si Reparaturen. Aarbecht hu se awer méi wéi genuch, wann net esouguer ze vill.
"Le futur du métier: Je pense que, moi personnellement, je vais être satisfait parce que le travail sera assuré. J’ai un peu plus de peine pour les musiciens vu la disparition de ce métier. Que les délais vont être plus longs ou les prix vont être encore plus élevés."